dcsimg

Mamendéieren ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D'Mamendéieren (Mammalia) sinn eng Klass aus dem Ënnerstamm vun de Wierbeldéieren (Vertebrata).

D'Mamendéieren hunn dat gréisst Déier, de Blowal, an dat geféierlechst Déier, de Mënsch, déi jeemools op der Äerd gelieft hunn, ervirbruecht. Mat Hëllef vu senger Intelligenz huet de Mënsch et fäerdeg bruecht de Planéit fir seng Zwecker ëmzekrämpelen an d'Ausstierwe vun aneren Déierenaarten ausgeléist, déi der Katastroph vu viru 65 Millioune Joer, um Enn vun der Dinosaurierära, gläicht.

D'Mamendéiere sinn net déi aarteräichst Grupp ënner de Wierbeldéieren, mä si dominéieren d'Äerd awer duerch hir Gréisst an duerch aner kierperlech Kennzeechen, déi si vun all deenen anere Liewewiesen däitlech ënnerscheeden.

Anatomie

Et gëtt grouss Ënnerscheeder bei der Gréisst an dem Kierperbau vun all Mamendéier. Déi meescht vun hinnen hunn Hoer um Kierper, e Mëllechgebëss a Mëllechdrüsen. All déi Kennzeeche feele bei all deenen anere Klasse vun Déieren.

Si leeën, bis op e puer Ausnamen, keng Eeër, mä si bréngen hir Jonk lieweg op d'Welt an niere se mat enger Flëssegkeet, der Mëllech, déi aus speziellen Drüsen (Mamen) kënnt.

D'Mamendéiere si gläichwaarm, d. h. hir Kierpertemperatur bleift op bal konstantem Niveau, meeschtens wäit iwwer der Temperatur vun hirer Ëmwelt. (Aner gläichwaarm Déiere sinn nëmmen nach d'Vigel). Hire Stoffwiessel ass zimmlech héich a relativ gläichméisseg.

Fortbewegung

Ofstamung

Systematik

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Systematik vun de Mamendéieren

Um Spaweck

Commons: Mamendéieren – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Mamendéieren: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )