D'Schléngnatter (Coronella austriaca), op Däitsch Schlingnatter an op Franséisch Couleuvre lisse, ass eng Schlaang, déi zu der Famill vun den Natteren (Colubridae) gehéiert. D'Aart ass an deene meeschten Deeler vun Europa an am westlechen Asien doheem.
D'Schléngnatter ass mat 60 bis 75 cm (-90) Längt déi klengst Schlaang, déi zu Lëtzebuerg virkënnt, a si ass queesch uechter d'Land ze fannen. Fir de Mënsch ass dës ongëfteg Schlaang ganz harmlos – net seele gëtt se allerdéngs mat der Kräizotter (Wipper) verwiesselt.
Der Schléngnatter hir Faarf variéiert vu gro, grobrong, brongelzeg bis routbrong.
Am Heng Klees senge "Luxemburger Tiernamen" ass kee lëtzebuergeschen Numm fir d'Aart ze fannen.[1]
D'Schléngnatter war d'Reptil vum Joer 2013 an de Länner Däitschland, Éisträich, Schwäiz a Lëtzebuerg.[2]
D'Schléngnatter (Coronella austriaca), op Däitsch Schlingnatter an op Franséisch Couleuvre lisse, ass eng Schlaang, déi zu der Famill vun den Natteren (Colubridae) gehéiert. D'Aart ass an deene meeschten Deeler vun Europa an am westlechen Asien doheem.
D'Schléngnatter ass mat 60 bis 75 cm (-90) Längt déi klengst Schlaang, déi zu Lëtzebuerg virkënnt, a si ass queesch uechter d'Land ze fannen. Fir de Mënsch ass dës ongëfteg Schlaang ganz harmlos – net seele gëtt se allerdéngs mat der Kräizotter (Wipper) verwiesselt.
Der Schléngnatter hir Faarf variéiert vu gro, grobrong, brongelzeg bis routbrong.
Am Heng Klees senge "Luxemburger Tiernamen" ass kee lëtzebuergeschen Numm fir d'Aart ze fannen.
D'Schléngnatter war d'Reptil vum Joer 2013 an de Länner Däitschland, Éisträich, Schwäiz a Lëtzebuerg.