Schof (Ovis) si Mamendéieren déi idderzen an zu der Ënnerfamill vun de Geessendéiere (Antilopinae) gehéieren. D'Gattung Schof ënfaasst ronn zwanzeg Aarten, zu deenen och déi wëll Schofaarten zielen, aus deenen d'Hausschof ervirgaangen ass, wéi z. B. d'Déckharschof an dee bei eis méi bekannte Mouflon oder d'Muffelschof.
Vun der Schofszuucht hier gi follgend Ausdréck gebraucht:
En Trapp Schof a Patagonien

Schof: dat weiblecht Déier; Widder, Schofsbock: dat männlecht Déier; Lamm: dat jonkt Schof (bis 1 Joer al); Lämmes: e jonkt männlecht Schof bis et geschlechtsräif ass; Hammel: e "geluechten" oder geschniddene Widder.