D'Angelique, oder de Leinskraut (Angelica archangelica L.; Syn. : Archangelica officinalis Hoffm.) ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung Angelica an der Famill vun den Doldebléier (Apiaceae). Se gouf 1753 vum Systematiker Carl von Linné beschriwwen[1].
Se gëtt 4 (véier) Ënneraarten[2]. D'Verbreedungsgebitt vun der "Haaptënneraart" Angelica archangelica subsp. archangelica läit gréisstendeels an Nord- an Osteuropa, a gouf och a verschiddenen europäesche Länner ageféiert. D'Planz ass zu Lëtzebuerg nach net nogewisen[3].
D'Angelique ass eng Heelplanz mat antibakteriellen, antioxidativen an aneren Eegenschaften[4]. Déi essentiellen Ueleg (Angeliquenueleg) huet e staarken, agreabelen Aroma[5].
D'Angelique, oder de Leinskraut (Angelica archangelica L.; Syn. : Archangelica officinalis Hoffm.) ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung Angelica an der Famill vun den Doldebléier (Apiaceae). Se gouf 1753 vum Systematiker Carl von Linné beschriwwen.
Se gëtt 4 (véier) Ënneraarten. D'Verbreedungsgebitt vun der "Haaptënneraart" Angelica archangelica subsp. archangelica läit gréisstendeels an Nord- an Osteuropa, a gouf och a verschiddenen europäesche Länner ageféiert. D'Planz ass zu Lëtzebuerg nach net nogewisen.
D'Angelique ass eng Heelplanz mat antibakteriellen, antioxidativen an aneren Eegenschaften. Déi essentiellen Ueleg (Angeliquenueleg) huet e staarken, agreabelen Aroma.