dcsimg

Fleeschmécken ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

Fleeschmécken (Sarcophagidae) sinn eng Famill vun den Diptera an där hirer Ënneruerdung Mécken (Brachycera). Weltwäit sinn eng 2.500 Aarte bekannt.

D'Fleeschmécke si gro oder schwaarz an hunn dacks eng Zeechnung wéi e Schachbriet un Hannerleif. Um Thorax si se de laange Wee gesträift. Se kënne bis zu 15 Millimeter grouss ginn. Hire Mondapparat ass ugeluecht fir Flëssegkeeten opzelecken. D'Mécken erniere sech vu verschiddene Flëssegkeeten wéi z. B. Honigtau, Nektar, dem Jus vu Beem oder vu Friichten.

D'Larve liewen an ënnerscheedleche Substraten, meeschten där vun Déieren, woubäi déi ursprénglech Aarte sech vun doudegem Fleesch ernieren (Nekrophagie). Eng Rëtsch weider Aarte si Parasitoiden, déi un oder a wierbellose Wiirt liewen (wéi Reewierm, Schleeken, Skorpiounen, Kiewerleken an Zikaden.

Literatur

  • Haupt J, Haupt H: Fliegen und Mücken – Beobachtung, Lebensweise, Augsburg 1998.
  • Honomichl K, Bellmann H: Biologie und Ökologie der Insekten; CD-Rom, Gustav Fischer Verlag, Stuttgart 1994.

Um Spaweck

Commons: Fleeschmécken – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Fleeschmécken: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

Fleeschmécken (Sarcophagidae) sinn eng Famill vun den Diptera an där hirer Ënneruerdung Mécken (Brachycera). Weltwäit sinn eng 2.500 Aarte bekannt.

D'Fleeschmécke si gro oder schwaarz an hunn dacks eng Zeechnung wéi e Schachbriet un Hannerleif. Um Thorax si se de laange Wee gesträift. Se kënne bis zu 15 Millimeter grouss ginn. Hire Mondapparat ass ugeluecht fir Flëssegkeeten opzelecken. D'Mécken erniere sech vu verschiddene Flëssegkeeten wéi z. B. Honigtau, Nektar, dem Jus vu Beem oder vu Friichten.

D'Larve liewen an ënnerscheedleche Substraten, meeschten där vun Déieren, woubäi déi ursprénglech Aarte sech vun doudegem Fleesch ernieren (Nekrophagie). Eng Rëtsch weider Aarte si Parasitoiden, déi un oder a wierbellose Wiirt liewen (wéi Reewierm, Schleeken, Skorpiounen, Kiewerleken an Zikaden.

 src=

Fleeschmécken déi sech verkoppelen (Sarcophaga carnaria)

 src=

vun uewen

license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren