Animalia, Déiereräich, ass eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten. D'Naturwëssenschaft vun den Déieren ass d'Zoologie.
Et gëtt iwwer 30 Stämm am Déiereräich an all Membere sinn Organismen déi méi Zellen hunn, keng Photosynthes bedreiwen, mä hir Energie mat der Nahrung ophuelen.
D'Déiereräich ëmfaasst net nëmmen d'Mamendéieren, mä och d'Reptiller, d'Vullen, d'Amphibien, d'Fësch an déi enorm Mass vun Déieren ouni Wierbel wéi d'Schwämm, d'Quallen, d'Kriibsen, d'Insekten an d'Séistären.
D'Zoologen hu bis elo schonn iwwer 1,5 Milliounen Déierenaarte beschriwwen, dovu sinn 90 % ouni Wierbel. D'Wësseschaftler ginn dovun aus datt et nach 15 Milliounen onentdeckt Aarte gëtt.
Well d'Déiere vill Kraaft fir d'Fortbewegung brauchen, hu sech d'Muskelen an de Skelett entwéckelt. D'Fortbewegung war wichteg, well si hir Energie just konnten duerch d'Friesse vun aneren Organisme kréien.
Ausserdeem hu si Sënnesorganer gebraucht fir Informatiounen ze kréien a sech séier kënnen z'orientéieren. Fir dës Informatiounen ze verschaffen an a prezis Beweegunge vun de Muskele kënnen ëmsetzen, hu si en Nervesystem gebraucht. E groussen Deel vun den Déieren hunn ausserdeem e Verdauungssystem gebraucht fir d'Nahrung déi opgeholl ginn ass a konsuméierbar cheemesch Eenzeldeeler ze zerleeën an de Recht erëm auszescheeden.
Ouni hir Sënner kënnen Déiere keng Nahrung oder aner Déieren fannen. Si géifen net matkréie wa si a Gefor sinn a kéinte sech bei der Fortbewegung net orientéieren. Nieft deene 5 bekannte Sënner, wéi d'Richen, d'Fillen, d'Kucken, d'Héieren, d'Schmachen, hu vill Déieren nach aner Sënner déi si brauche fir z'iwwerliewen. D'Klapperschlaange kënnen z. B. waarm Stralen empfannen a sou hiert Affer erkennen. All Sënnesorganer wéi d'Aen, d'Ouren oder d'Taaschthoer vun den Huese sinn iwwer Nervenzelle mam Gehier verbonnen.
Vill Déieren, virun allem d'Landwierbeldéieren hunn e Skelett, dee wichteg ass fir de Kierper ze halen, déi bannenzeg Organer ze schützen an fir d'Muskelen. D'Wierbeldéieren hunn e Skelett aus Schanken, ouni dat si sech emol net kéinte beweegen. Aner Déiere wéi d'Spannendéieren hunn e Skelett aus der fester Substanz Chitin.
Déiereräich