dcsimg

Heckeknuewelek ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

Den Heckeknuewelek oder Wëlle Knuewelek[1] Allium ursinum L. ass e Kraut aus der Gattung Allium an der Famill vun den Ënneplanzen.

Et ass eng Planz déi e puer Joer hannereneen erëm kënnt, an 20 – 50 cm grouss gëtt. Si huet laang donkelgréng Blieder a Form vu enger Lanzespëtz. D'Bléie si wäiss, stärefërmeg, an hu sechs baussenzeg Bléiebleider. Si stinn zesummen op engem méi oder wéineger ronne Kapp mat tëscht 5 an 20 Bléien.

Den Heckeknuewelek ass eng Bëschplanz. En ass praktesch a ganz Europa an an Nordasien, besonnesch a Bëscher déi an engem Hank leien ze fannen.

Säi Geroch gläicht deem vum Knuewelek. D'Blieder sinn iessbar (am beschte virun der Bléi) a kënne réi oder wéi Päinetsch verschafft ginn. Zerdrätscht kënne se wéi eng Pestoszooss preparéiert ginn.

Verwiesselungsgefor

Et soll een nëmmen op Standuerter sammele wou den Heckeknuewelek eleng virkënnt. Et ka soss zu Verwiesselunge mat de Blieder vun der Meeréischen, der Hierschtblumm oder vun der Aroumblumm kommen. Déi dräi Planze si staark gëfteg, an d'Vergëftunge kënnen déidlech ausgoen. Verwiesselunge geschéie virun allem well d'Blider vum Heckeknuewelek virun der Bléi gesammelt ginn. Déi verbreet Method, déi dora besteet all Blat eenzel mat de Fangeren ze reiwen an ze richen, ob si wierklech no Knuewelek richen, ass problematesch, well d'Fangeren dee Geroch séier unhuelen a weider Tester ouni Verlooss sinn.

Um Spaweck

Commons: Heckeknuewelek – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notten

  1. Den Numm Wëlle Knuewelek bezeechent am Lëtzebuergeschen zwou verschidde Planzen: den Heckeknuewelek an d'Bloderkraut.
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Heckeknuewelek: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

Den Heckeknuewelek oder Wëlle Knuewelek Allium ursinum L. ass e Kraut aus der Gattung Allium an der Famill vun den Ënneplanzen.