dcsimg

Moustiquen ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D'Moustiquen (Culicidae) sinn eng Famill vun Insekten bannent der Uerdnung vun den Diptera (mat zwéi Flilleken). Weltwäit gëtt et méi wéi 3670 Moustiquenaarten.[1] An Europa gëtt et 104 Aarten, vun deenen déi meescht och a Mëtteleuropa ze fanne sinn.[2]

Beschreiwung

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
 src=
Anatomie vun enger erwuessener weiblecher Culex pipiens Linnaeus, 1758, där heefegster Moustiquenaart zu Lëtzebuerg.

Moustiquen zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg gëtt et 25 Aarten (Stand: 1. Oktober 2019).[3]

D'Fuerschung zu Lëtzebuerg iwwer Moustiquen ass ganz rezent. Déi éischt Observatiounen aus Lëtzebuerg goufen an enger Etude iwwer d'Moustiquenaart Anopheles maculipennis am Joer 1999 publizéiert.[4] Den éischte graffen Iwwerbléck iwwer d'Moustiquëfauna vu Lëtzebuerg gouf am Joer 2003 publizéiert.[5] 2016 huet den Naturmusée eng Etude iwwer invasiv Moustiquenaarten zu Lëtzebuerg gemaach, well déi Asiatesch Tigermoustique (Aedes albopictus) am Gaangen ass, sech queesch duerch Europa auszebreeden. 7 Moustiquenaarten goufen nogewisen, dorënner eng nei Aart fir Lëtzebuerg (Aedes vexans), mä et konnt keng invasiv Moustiquenaart nogewise ginn.[6] 2018 huet en Awunner vu Stolzebuerg eng getigert Moustiquenaart fonnt an dem Naturmusée 3 Specimene geschéckt, déi a sengem Genetikslaboratoire als déi invasiv Japanesch Heckemoustique (Aedes japonicus) identifizéiert gouf.[7] Am Kader vum Fuerschungsprojet MosquitoLUX (2019-2021) ginn d'Moustiquenaarten vu Lëtzebuerg systematesch kartographéiert fir en Atlas vun de Moustiquë vu Lëtzebuerg ze publizéieren.[8] De Projet gëtt vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mam Ëmweltministère an der Gesondheetsdirektioun ausgeféiert.

Moustiquen als Iwwerdréier vu Kränkten

Moustiquë si wichteg biologesch Iwwerdréier vu Kränkten op Mënsch an Déier.

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Rotschléi fir d'Eliminatioun vu Moustiquëlarven a Wunngebitter

Rotschléi fir d'Eliminatioun vu Moustiqueslarven ronderëm d'Haus

Moustiquen, déi eis picken oder péngegen, beweege sech net wäit. Si sinn dacks direkt an eisem Ëmfeld opgewuess. Déi bescht Method fir se lass ze ginn an net méi gepickt ze ginn ass et, fir ronderëm eis Haiser d'Plazen ze reduzéieren, wou d'Moustiquen hir Eeër leeë kënnen (Bruttplazen). Prinzip: keen ofgestanend Waasser = keng Moustiquen!

  1. Spillsaachen a Behälter: Spillsaachen, Eemeren, Dëppen, Vasen, Poubellen, Schubkaren, Pneuen an all Objet, dee Reewaasser usammele kann, ënnerdaach raumen.
  2. Basengen a Schwämmen: reegelméisseg d'Wänn botzen an doudeg Blieder rafen.
  3. Blummendëppen: Ënnersetzer eemol d'Woch eidel maachen a botzen oder mat Sand fëllen a moderat nätzen, sou datt sech kee Waasser dra sammelt.
  4. Sprangburen, Fudderkëmp a beweeglech Schwämmen: op mannst eemol d'Woch d'Waasser wiesselen a botzen.
  5. Reewaasserbehälter: mat Deckel, Moustiquesvoile oder Stoff bedecken; ëmdréinen, wa se net am Asaz sinn.
  6. Kullangen, Ofwaasserkanäl a flaach Diech: fir e gudde Waasseroflaf suergen.
  7. Baatschen (z.B. iwwer Brennholz): sou leeën, datt de Reen gutt ofleeft a keng Pill entstinn.
  8. Pill & Verdéiwungen: Terrain egaliséieren fir d'Formatioun vun dauerhafte Pill ze vermeiden.
  9. Naturno Weieren: gerénge Risiko, enthale vill Déieren (Libellen, Amphibien, Fësch, asw.); reegelméisseg Blieder aus dem Weier a ronderëm rafen.

Literatur

  • Anonymous, 2014. Small bite, big threat – Petits mais dangereux – Klein aber gefährlich: Les moustiques au Luxembourg. Brochure éditée par le Centre de recherche public Santé à l'occasion de la Journée mondiale de la santé. 20pp. PDF FR PDF DE
  • Beck, M., M. Galm, T. Weitzel, V. Fohlmeister, A. Kaiser, A. Arnold & N. Becker, 2003. Preliminary studies on the mosquito fauna of Luxembourg. European Mosquito Bulletin 14: 21-24. PDF 575 KB
  • Muller, C. P. & A. L. Reye, 2012. Prevalence and diversity of mosquitoes and mosquito-borne pathogens in Luxembourg. Unpublished report. CRP Santé and Laboratoire national de santé, Luxembourg.
  • Proft, J., W. A. Maier & H. Kampen, 1999. Identification of six sibling species of the Anopheles maculipennis complex (Diptera: Culicidae) by a polymerase chain reaction assay. Parasitol Res (1999) 85: 837-843.
  • Ries, C., A. Arendt, C. Braunert, S. Christian, A. Dohet, A. Frantz, G. Geimer, M. Hellers, J. A. Massard, X. Mestdagh, R. Proess, N. Schneider & M. Pfeiffenschneider, 2017. Environmental impact assessment and black, watch and alert list classification after the ISEIA Protocol of invertebrates in Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 119: 63-70. PDF 360 KB
  • Ries, C. & F. Schaffner, 2019. Conseils pour éliminer les gîtes larvaires de moustiques autour de son habitation. Dépliant en 4 langues (FR, LB, DE, PT), 2 p. Éditeurs: Musée national d'histoire naturelle, Direction de la santé (MS), Département de l'environnement (MECDD) PDF 1.5 MB
  • Ries, C., S. Christian, M. Pfeiffenschneider & F. Schaffner, 2019. Project report on an inventory of mosquito species in Luxembourg in 2016 Luxembourg. Unpublished report, 6 p.
  • Robert V., F. Günay, G. Le Goff, P. Boussès, T. Sulesco, A. Khalin, J. Medlock, H. Kampen, D. Petrić & F. Schaffner, 2019. Distribution chart for Euro-Mediterranean mosquitoes (Western Palaearctic region). Journal of the European Mosquito Control Association 37: 1-28.
  • Schaffner, F. & C. Ries, 2019. First evidence and distribution of the invasive alien mosquito Aedes japonicus (Theobald, 1901) in Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 121: 169-183. PDF 8,94 MB

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. Systema Dipterorum: Catalogue of Life. In: Catalogue of Life - indexing the world's known species. Naturalis Biodiversity Center. Opgeruff den 1. Oktober 2019 (Englesch).
  2. Culicidae bei Fauna Europaea
  3. Cf. déi provisoresch Checklëscht vun de Moustique vu Lëtzebuerg op https://mosquitoes.lu. Opgeruff den 1. Oktober 2019 (Englesch)
  4. Cf. Proft et al. 1999 an der Literatur.
  5. Cf. Beck et al. 2003 an der Literatur.
  6. Cf. Ries et al. 2019 an der Literatur.
  7. Cf. Schaffner & Ries 2019 an der Literatur.
  8. Cf. https://mosquitoes.lu/atlas/
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Moustiquen: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D'Moustiquen (Culicidae) sinn eng Famill vun Insekten bannent der Uerdnung vun den Diptera (mat zwéi Flilleken). Weltwäit gëtt et méi wéi 3670 Moustiquenaarten. An Europa gëtt et 104 Aarten, vun deenen déi meescht och a Mëtteleuropa ze fanne sinn.

license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren