dcsimg

Fësch ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D'Fësch (Pisces) si Wierbeldéieren déi ausschliisslech oder bal ausschliisslech am Waasser liewen, mat Kimen ootmen, a keng Tetrapoden (Wierbeldéiere mat Patte) sinn.

Mat iwwer 33.300 Aarte stellen d'Fësch méi wéi d'Hallschent vun den haut liewende Wierbeldéieren.

An der traditioneller Systematik ginn d'Fësch als eege Grupp gefouert. Well si awer keng natierlech Déieregrupp bilden, gi si an der moderner, phylogenetescher Systematik, där hir Grondlagen an den 1950er a 1960er Joren ausgeschafft goufen, net méi als eege Grupp gefouert. D'Grënn dofir sinn:

  • D'Fësch si keng monophyletesch, mä eng paraphyletesch Grupp, d. h. si bilden eng Grupp déi net all Nokommen aus enger gemeinsamer Stammaart ëmfaasst. (Fir aus de 'Fësch' eng monophyletesch Grupp ze maachen, missten all aner Wierbeldéieren, also och z. B. d'Mamendéieren, zu de Fësch gerechent ginn).

Aus reng praktesche Grënn an och am alldeegleche Sproochgebrauch gëtt dacks de Begrëff Fësch bäibehalen, awer a wëssenschaftlechen Texter da meeschtens tëscht Gänseféisercher gesat.

Liewensraum

Fësch fënnt een am Séisswaasser an am Mier.

Beschreiwung

Si hunn e stroumlinnefërmege Kapp a Kierper mat enger schläimeger a glater Haut. Hir Flosse si mat knachegen a knorpelege Flossestrale gestäipt. Iwwer d'Kimen huele si Sauerstoff aus dem Waasser op. No der Kierperform an dem Kierperbau ënnerscheet een dräi grouss Gruppen: déi ouni Kifer, d'Knorpelfësch an d'Schankefësch.

 src=
E Fëschplat am Restaurant

Wirtschaftlech Bedeitung a Menacen

A wirtschaftlecher Hisiicht bedeitend ass d'Fëscherei, mä och den Handel mat Zirfësch. Déi zwéi kënnen awer d'Fëschbestänn bedreeën. Weider Gefore fir d'Fësch si Schuedstoffbelaaschtung, Flossverbauung, Erwäermung an Ausdréchnen.

Ecotoxicologesch Bedeitung

D'Fësch sinn der Waasserqualitéit (Sauerstoffkonzentratioun, pH-Wäert, Temperatur, geléisten natierlech an anthropogene Matièren) iwwer hir Kimen direkt ausgesat a reagéieren dowéinst empfindlech op d'Verschmotzung. Se sinn dofir och wäit verbreet Test- a Monitoring-Aarten a wëssenschaftlech Modellorganismen an der Ecotoxicologie.

Kuckt och

Fir d'Fëschaarten, déi et zu Lëtzebuerg ginn, kuckt:

Bibliographie

  • Boulénger, G.-A., 1909. Catalogue des Poissons du Congo du Musée d'Histoire Naturelle du Luxembourg. Faune du Sankuru à Kondué. Bull. Soc. Nat. luxemb. 19: 189-202.
  • Feltgen, Ernest, 1902. Vademecum des Luxemburger Fischereiliebhabers. 148 S., P. Worré-Mertens, Luxemburg.
  • Ferrant, Victor, 1915. Faune du Grand-Duché de Luxembourg, première partie: Poissons. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25.1: 436-515.
  • Fontaine, Alphonse-Joseph de la, 1872. La description des poissons observés dans le pays de Luxembourg. Faune du pays de Luxembourg ou manuel de zoologie, vol. 5. 89 + V p., Bück, Luxembourg.
  • Krier, A., M. Lauff, G. Molitor & A.M.M. Molitor, 1992. La récupération des poissons lors de la vidange du lac de barrage d'Esch-sur-Sûre en 1991. Aspects physico-chimiques et biologiques. Bull. Soc. Nat. luxemb. 93: 71-82.
  • Lauff, Max, 1986. Vergleichende Studie der Salmonidenpopulationen (Salmo trutta f. fario und Thymallus thymallus) der Sauer und der Attert. Unveröff. Studie im Auftrag des Umweltministeriums des Grossherzogtums Luxemburg, 55 S., Luxemburg.
  • Lauff, Max, 1991. Potentielle Laichplätze und Jungfischhabitate für Langdistanz-Wanderfische im Einzugsgebiet der Sauer. Studie im Auftrag der Gewässer- und Forstverwaltung, 73 S., Luxemburg.
  • Molitor, M., R. Schauls & G. Zangerlé, 1985. Ons Fësch an hire Liewensraum. Emwelterzéiung an der Schoul. Musée d'histoire naturelle, Centre écologique Hollenfels & Administration des eaux et forêts (Hrsg.). 65 S., Luxembourg.
  • Pelz, G. R., 1991. Lebensraum und Fischfauna der Grenzgewässer Mosel, Sauer, Our. 276 S. Advanced-Biology-Verl.Ges., Köln.
  • Troschel, H.J. & G. Bartl, 1998. Fische in Luxemburg. Kartierung der Fische, Neunaugen und Flusskrebse des Grossherzogtums Luxemburg (Rote Liste der Fische, Neunaugen und Flusskrebse). 168 S., Administration des eaux et forêts (Hrsg.), Mamer, Graphic Press.
  • Zangerlé, Gilbert, 1980. Les poissons des eaux courantes du Grand-Duché de Luxembourg. Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, Archives N.S. 39 (1979-1980): 55-70.

Um Spaweck

Commons: Fësch – Biller, Videoen oder Audiodateien
license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren

Fësch: Brief Summary ( Luxembourgish; Letzeburgesch )

provided by wikipedia emerging languages

D'Fësch (Pisces) si Wierbeldéieren déi ausschliisslech oder bal ausschliisslech am Waasser liewen, mat Kimen ootmen, a keng Tetrapoden (Wierbeldéiere mat Patte) sinn.

Mat iwwer 33.300 Aarte stellen d'Fësch méi wéi d'Hallschent vun den haut liewende Wierbeldéieren.

An der traditioneller Systematik ginn d'Fësch als eege Grupp gefouert. Well si awer keng natierlech Déieregrupp bilden, gi si an der moderner, phylogenetescher Systematik, där hir Grondlagen an den 1950er a 1960er Joren ausgeschafft goufen, net méi als eege Grupp gefouert. D'Grënn dofir sinn:

eng Rëtsch Fësch wéi d'Longefësch an d'Quasteflosser, si méi no Famill mat den Tetrapoden (den Amphibien, Reptiller, Mamendéieren a Vigel) wéi mat allen anere Fësch (wéi z. B. den Haien, Frellen, asw.). D'Fësch si keng monophyletesch, mä eng paraphyletesch Grupp, d. h. si bilden eng Grupp déi net all Nokommen aus enger gemeinsamer Stammaart ëmfaasst. (Fir aus de 'Fësch' eng monophyletesch Grupp ze maachen, missten all aner Wierbeldéieren, also och z. B. d'Mamendéieren, zu de Fësch gerechent ginn).

Aus reng praktesche Grënn an och am alldeegleche Sproochgebrauch gëtt dacks de Begrëff Fësch bäibehalen, awer a wëssenschaftlechen Texter da meeschtens tëscht Gänseféisercher gesat.

license
cc-by-sa-3.0
copyright
Wikipedia Autoren an Editeuren