Beelen (Tabanidae) sinn eng Famill aus der Ënneruerdung vun de Mécken (Brachycera) aus der Uerdnung vun den Diptera (mat zwéi Flilleken) a gehéieren zu den Insekten, déi Blutt suckelen. Si kënne bis zu 30 Millimeter laang ginn.
D'Beele sinn och Parasiten. Hir Wiert sinn haaptsächlech d'Mamendéieren, dat heescht och de Mënsch.
Bei deene meeschte vun den ongeféier 4.000 Aarten ass et d'Weibchen, dat Blutt suckelt, dat männlecht Insekt besicht d'Bléien a suckelt den Nektar. Just bei e puer Aarten erniert sech d'Weibche vu Planzen. E puer seelen tropesch Aarte liewe vu verloudertem Fleesch.
Am Géigesaz zu de Moustiquen deet de Stéch vun enger Beel däitlech méi wéi, well de Mondapparat méi grouss ass. Beelen injizéieren - wéi vill aner Insekten, déi Blutt suckelen - eng Flëssegkeet, déi d'Liwwere vum Blutt verhënnert. Beele kënne bis 0,2 Milliliter Blutt suckelen.
Net nëmmen an Afrika iwwerdroen d'Beelen duerch hire Stéch verschidde Krankhheete wéi Mëlzbrand, Tularemie. Bei Hausdéiere kënnen d'Stëch zu manner Mëllechproduktioun féieren.
D'Weibercher leeën 100 bis 1000 Eeër. D'Larve liewen am Bulli um Bord vun nasse Plazen.